‚Kick-Off‘ Webinaire

Comité d’échange – Planification thermique et réseaux de chaleur’

Léif Gemengen,

de Wirtschaftsministère an Zesummenaarbecht mat Klima-Agence invitéiert Iech häerzlech op de ‚Kick-Off‘ Webinaire fir d’Veranstaltungsrei ‚Comité d’échange – Planification thermique et réseaux de chaleur’.

D’Zil vum Comité d’échange ass den Erfarungsaustausch souwuel tëscht de Gemengen als och mam Ministère an de Beräicher vun der Wärmeplanung an de Wärmenetzer. E riicht sech un all interesséiert Gemengen a Klimaberoder a besonnesch un d’Persounen, déi sech am meeschte mat dësen Thematike beschäftegen. Souwuel Virkenntnesser mat Wärmeplanungs- oder Wärmenetzprojeten wéi och identifizéiert Wärmenetzbesoinen si kee Muss vir un der Veranstaltung Deel ze huelen.

De Comité gëtt aktiv gestallt woubäi zousätzlech zu der aktiver Bedeelegung vun de Participanten, extern Experten (national an international) verschidden Thematike wäerte virstellen. Zousätzlech géife mir Gemengen déi hier Erfarungen an dëse Beräicher wëllen deelen, bieden eis ze kontaktéiere fir eng eventuell Präsentatioun vun de Projete virzegesinn.

De ‚Kick-Off‘ Webinaire fënnt den 18. Mee 2026 um 11:00 – 12:00 Auer online statt a wäert eng éischt Iwwersiicht vum Oflaf vum Comité ginn. Mellt Iech bis den 11. Mee 2026 iwert de follgende Formulaire un. De Webinaire-Link kritt dir no ärer Umeldung geschéckt.

Umeldung

Funktioun an der Gemeng/Entreprise
CAPTCHA
Cette question sert à vérifier si vous êtes un visiteur humain ou non afin d'éviter les soumissions de pourriel (spam) automatisées.